- Test > 21.12.2022
- Test2 > 31.12.2022
En Theaterstéck fir zwou Spillerinne
vum Frédérique Colling, Catherine Elsen
a Claire Wagener
Zum Stéck
D’Zizou an d’Zazou, zwou Dammen déi sech e Liewe laang méi oder manner harmonesch zur Säit stoungen, kucken eng leschte Kéier op hire gemeinsame Wee zréck, virun deems den noen Doud si endgülteg vuneneen erléise soll. Gefaangen an engem zouene Raum, mussen si sech mat den Decisiounen ausernee setzen, déi hiert Liewe bestëmmt hunn. Am Häerz vun enger scheinbar klassescher Frëndschaft entwéckelt sech eng surreal Rees duerch d’Landschafte vun Dreem an Erënnerungen, Wënsch an Enttäuschungen, eng Rees, déi de Courage vun den zwee Personnagen op d’Prouf stellt. Kënnt zum Schluss nach eng befreiend Erkenntnes, oder ass et einfach op eemol eriwwer, matzen am ugefaangene Saz?

Première : 1. Juli 2021 am Carré Hollerich
Sprooch : Lëtzebuergesch
Dauer : 55’
Konzept an Text : Frédérique Colling, Catherine Elsen,
Claire Wagener
Spill : Frédérique Colling, Catherine Elsen
Regie : Claire Wagener
Produktioun : Independent Little Lies
Technik : Sven Streitz
Fotoen : Sven Becker
Première : 1. Juli 2021 am Carré Hollerich
ZIZOU A ZAZOU
ON TOUR
Kaptatioun vum Stéck :
https://vimeo.com/manage/videos/584274898/d64920b94f
Kontakt :
Claire Wagener (Produktioun / Regie)
clairewagener@ill.lu / +33 6 14 13 07 16
Jill Christophe (Produktioun)
jill@ill.lu / +352 691 444 127
Präis :
1 Virstellung : 3.350 €
All weider Virstellung : 2.000 € Kuerzforme vum Stéck kënne spezifesch ugefrot ginn.
Technesch Informatiounen :
Spillerinnen op der Bühn : 2
Unzuel vu Leit während der Tournée : 4
Planning :
1. Dag Set-Up + Prouw
2. Dag Virstellung